Assemblée Générale ordinaire den 2. Dezember 2017

Den 2. Dezember huet erëm déi jäerlech Assemblée Générale ordinaire vun der ALEP stattfonnt. Nodeems dat vergaangent Joer mat den Rapport’en vun Presidentin, Sekretär an Tresorier Revue passéieren gelooss ginn war, huet Simone Wagener, als Repräsentantin EFPSA vun der ALEP, der AG nach eng Presentatioun vun der EFPSA gehalen, ier et dunn em d’Decharge vum alen an uschléissend em d’Wiel vum neien Comité gaangen ass.

Mir freeën eis, iech heimat den Comité 2017/2018 vun der ALEP ze presentéieren:

  • Sam Bernard: President an Responsable „Relations publiques“
  • Joé Miller: Sekretär an Responsable „Informatique“
  • Simone Wagener: Tresorière an Responsable EFPSA
  • Kitty Ewen: Comitésmember an Responsable „Bourse de stages“
  • Cara Ströbel: Comitésmember an Responsable „Events“
  • Katia Carvalho: Comitésmember an Responsable „Représentation externe“
  • Sandra Gigl: Comitésmember an Redactrice vun eiser Zeitung „De Psycho-lo“

D’Joëlle Hoffmann an d’Carmen Schmit goufen iwwerdeems eestëmmeg als Keessen-Reviseuren gewielt.

No der Assemblée Générale huet den neien Comité dunn och direkt mat enger éischter Comitésversammlung seng Aarbecht opgeholl.

Den Owend gouf schliisslech mat engem gemitterlechen Patt um Pub Meeting am Urban um Belval clôturéiert.

Den neien Comité vun der ALEP seet den ausgescheeten Comitésmemberen Merci fir hiert Engagement an wënscht hinnen alles Guddes fir d’Zukunft.

(N.B. D’Presentatioun vum neien Comité, mat Fotoen an Kontaktinformatiounen fannt der och ënnert folgender Rubrik «D’ALEP – Comité 2017-2018», oder ënnert dem Link http://www.alep.lu/about/comite/