Welcome Day an ALEP-Infoveranstaltung 2017

Traditionell organiséiert d’ALEP um Ufank vum Wantersemester fir déi nei Psychosstudenten vun der Uni.lu  Informatiounsveranstaltungen. Dëst Joer huet dësen flotten Echange um Welcome Day vun der Uni.lu (18.09.2017) an op eiser ALEP-Infoveranstaltung (02.10.2017) stattfonnt.

An enger konstruktiver an lockerer Atmosphär konnten mer vill interesséiert Studenten iwwert eis Organisatioun an den Psychosstudium informéieren an dobäi och eng ganz Rëtsch nei Memberen gewannen.

D’ALEP seet Merci fir är Präsenz an ären Interessi!