Soirée d’Information sur la Psychologie 2022

Du stees kuerz virum Ofschloss vun denger Lycées-Carrière a bass interesséiert, Psychologie studéieren ze goen ? Du hues Froen iwwert Studium oder d’Beruffsaussiichte vun engem Psycholog? Dann dierfs de der ALEP hir traditionell Soirée d’Information sur la Psychologie net verpassen, déi dëst Joer den 1. Abrëll am Haaptsiège vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg …

Continue reading

ALEP goes SLP AG

De 16. Mäerz hat d’ALEP 🧠 traditionell de Catering 🥪🥂 vun der SLP bei hirer semestriell AG iwwerholl. Un dem Owend hat de Comité d’Méiglechkeet sech mat Psycholog*innen aus dem Beruffsliewen ze ënnerhalen, Kontakter ze knëppen an de momentane Stand vun der Psycho ze Lëtzebuerg ze héieren. Mir soen der SLP Merci fir de flotten Owend an och dem …

Continue reading

Schéi Feierdeeg

ALEP-Visitt : Kannerjugendtelefon

D’ALEP bidd sengen Memberen den 13. 12. 2021 um 16:00 Auer nees eng néi online Visitt un! Dëst Kéier beim Kannerjugendtelefon ! D’Teilnahme ass ausschliisslech fir Membere vun der ALEP. Falls dir nach keen Member sollt sinn, dann kennt dir dat gären änneren an deems dir eng E-Mail un maacht. ⚠️ Falls dir deelhuelen wëllt, …

Continue reading

Mini-Foire

Dësen Freiden ass et endlech souwäit ! D’ALEP steet nämlech fir Iech, vu Freides (26.11.) bis Sonndes (28.11.), op der Mini-Foire an der City Concorde. Bannen dréi Deeg, vu jeeweils 11:00 bis 18:00 Auer, kritt dir sou d’Méiglechkeet, eis sur place Froen iwwert Psychologiestudium ze stellen. Mir hoffen Iech zuelräich ze begéinen !

Foire de l’étudiant 2021

Och dëst Joer ass d’ALEP wéi gewinnt bei der Foire de l’étudiant mat sengem Stand vertrueden. Mir bidden Iech, sou wéi am leschten Joer, wärend dem 28. souwéi dem 29. Oktober d’Méiglechkeet un, online mat eis an d’Gespräch ze kommen. Eis Comitésmemberen huelen sech wärend deenen 2 Deeg Zäit, fir op är spezifesch Froen ze äntweren an niewenbei Erfarungswäerter auszetauschen. Am …

Continue reading