Mini-Foire

Dësen Freiden ass et endlech souwäit ! D’ALEP steet nämlech fir Iech, vu Freides (26.11.) bis Sonndes (28.11.), op der Mini-Foire an der City Concorde. Bannen dréi Deeg, vu jeeweils 11:00 bis 18:00 Auer, kritt dir sou d’Méiglechkeet, eis sur place Froen iwwert Psychologiestudium ze stellen. Mir hoffen Iech zuelräich ze begéinen !

Foire de l’étudiant 2021

Och dëst Joer ass d’ALEP wéi gewinnt bei der Foire de l’étudiant mat sengem Stand vertrueden. Mir bidden Iech, sou wéi am leschten Joer, wärend dem 28. souwéi dem 29. Oktober d’Méiglechkeet un, online mat eis an d’Gespräch ze kommen. Eis Comitésmemberen huelen sech wärend deenen 2 Deeg Zäit, fir op är spezifesch Froen ze äntweren an niewenbei Erfarungswäerter auszetauschen. Am …

Continue reading

ALEP-Visitt : Erzéiungs- a Familljeberodung

D’ALEP bidd sengen Memberen den 21. Oktober 2021 um 10:00 Auer eng weider online Visitt un! Dëst Kéier bei der Erzéiungs- a Familljeberodung ! D’Teilnahme ass ausschliisslech fir Membere vun der ALEP. Wann dir nach keen Member sidd, dann kennt dir dat gären änneren an deems dir eng E-Mail un maacht. ⚠️ Falls dir deelhuelen wëllt, …

Continue reading

Néi Comitésmemberen ginn gesicht !

Den 2. Oktober 2021 um 15:00 Auer fënnt erëm eis alljärlech Generalversammlung statt, wou ënnert anerem och e neie Comité wäert gewielt ginn. An deem Kontext ginn och dëst Joer erëm motivéiert Leit gesicht, déi Loscht hunn, d’ALEP bei hiren wichtegen Aufgaben ze ënnerstëtzen. D’Haaptaufgab vun der ALEP besteet doran, eng Kontaktstell fir Schüler*innen an Student*innen, mee awer och …

Continue reading

Digital Visitt am Kannerhaus Jean vun der Croix Rouge

Mir sënn houfreg, Iech eng nei digital Visitt ubidden ze kënnen. Des Kéier kennt der en Abléck an d’Liewen vun TherapeutInnen an PädagogInnen vum Kannerhaus Jean vun der Croix Rouge kréien. Weider Informatiounen fannt der op éisem Facebook-Event. LINK : https://www.facebook.com/events/283515836567162 Wichteg : D› Participatioun gëllt ausschliisslech fir MemberInne vun der ALEP.  Falls du elo awer nach keen Member …

Continue reading

Soirée d’Information sur la Psychologie 2021 : SPEAKER

Mir sënn frou Iech eis 4 SpriecherInnen fir d’Soirée d’Information sur la Psychologie kënne virzestellen :