»

Newsletter – Februar 2011

News am Februar

1. Jugend a Suizidpräventioun – 5e Journée Nationale de Prévention de Suicide

2. Studie Dyscalculie

3. De Comité stellt sech vir

4. Je grandis, comment tu m’aides?

5. Studenten-Infos vun der ACEL


Jugend a Suizidpräventioun den 8, 9 & 10 février 2011

 

Quand? mardi, 8 février 2011 à 19h00

Où? Salle Robert Krieps/ Abbaye Neumünster

19h00: Allocation de Bienvenue

19h30: Théâtre interactif “L’Effiloche”

20h30-21h30: Table ronde avec

Brigitte Weyers, Psychologue auprès de Psy-Jeunes

René Schlechter, Pédagogue auprès du Kanner a Jugendtelefon

Dr. Marc Graas, Psychiatre au Service de Détection et d’Intervention Précoce

Antoinette Thill-Rollinger, Directrice du CPOS

Dr. Jil Kroullen, Médecin Généraliste

Evangelista Gigi, Présidente de Spontan ADD a.s.b.l

L’inscription pour les workshops du 9 et 10 février est désormais passée.


Studie iwer Gehiir an Opmierksamkeet

 

Eng Affiche fir bei enger Studie op der Uni Lëtzebuerg mat ze machen.


De Comité stellt sech vir:

 

Präsidentin: Christine Frisch

Sekretärin, Editrice Newsletter: Anne Weisgerber

Trésorier: Cheryl Brimaire

Vizepräsidentin, Délégué Comité Uni.lu: Sarah Schildgen

National Representative EFPSA: Catherine Richard

Délégué SLP, Public Relations: Marc Haas

Editeur Psycho-lo, Co-Délégué EFPSA: Lucien Rasmus Volkert

Webmaster: Patrice Van der Venne


Je grandis, comment tu m’aides?

 

Les interventions du psychologue auprès des 0-18 ans.

Quand? Samedi, 26 mars 2011

Où? Université Nancy 2 – Amphithéâtre Déléage

Contact: lorraineffpp@gmail.com


Studenten-Infos vun der ACEL

 

Léif Studentinnen a Studenten,

an dëser Mail wëlle mir iech bëssen iwwert d’Projete vun der ACEL informéieren déi iech direkt betrëffen oder iech villäicht weiderhëllefe kënnen.

Als éischt wëlle mer op eisen Jobportal opmierksam maache wou mir regelméisseg Stage- an Jobofferen online stellen déi mir zougeschéckt kruten. Do ass och ee Link op stages.youth.lu an jobs.youth.lu wou eise Partner den SNJ weider Offeren online huet.

An dësem Kontext leeë mer iech och de Guide du futur Diplômé un d‘Häerz. Heiranner kritt dir vill nëtzlech Tipps wéi der eech uleet fir eng Aarbechtsplaz ze fannen (CV, Lettre de Motivation) a fannt Saachen op déi der musst oppasse wann der an d’Beruffsliewe raklammt. Dir fannt awer hei och Berichter iwwert är aner Méiglechkeeten nom Studium, z.B. wann der wëllt an d’Recherche goen. Déi aktuell Versioun kënnt iech op eiser HP eroflueden.

Dëst Joer gëtt de GFD awer ganz iwwerschafft a kritt eng ganz nei Opdeelung. Am Abrëll wäerte mer deen da verëffentlechen.

Dann erënnere mer iech och nach eemol drun datt der fir dat nächst Semester d’AideFi nach eemol musst ufroen. Ab haut (1.Februar) kënnt der dat maachen. Am Anhang fannt der de Formulaire.

Wann dir am Wantersemester Problemer hat fir är AideFi ze kréien (ze spéit, net genuch…) oder soss Kritiken zu der AideFi hutt, da giffe mer iech bieden eis Ëmfro auszefëllen. Des Ëmfro ass selbstverständlech anonym. Mat ärer Hëllef kënne mir dann déi bestoend Problemer bei der Entrevue mam Ministère de l’Enseignement Supérieur et de la Recherche uschwätzen a bei der Evaluatioun vum Gesetz zur Reform vun der AideFi mat afléisse loossen.

Zu gudder läscht kënnt der iech nach eis Internetzeitung e-zoom ukucken déi mir 4 mol am Joer online stellen. De läschten e-zoom ass virun 2 Woche rauskomm, ass also nach quasi „drockfrësch“. Hei ranner schreiwe mir d’Berichter iwwert eis aktuell Arbescht an d‘Cerclë schécken eis Fotoen an Texter iwwert hier flott Aktivitéiten. Sou gesitt der wat är Kollegen an den anere Stied sou stiichten. An der Links-Rubrik stinn, wéi de Numm et seet verschidde Links déi fir Studenten a Jugendlecher kéinten interessant sinn. Ausserdem ass an all e-zoom ee Kalenner mat verschidden Events déi kee Lëtzbuerger Student sollt verpassen. Dir gesitt also, am e-zoom sti lauter interessant Saachen, dofir sollt der iech schnell aschreiwen an den nächsten e-zoom land an ärer Inbox.

Vill Spaass beim Liesen

Bis dann


Association des Cercles d’Etudiants Luxembourgeois a.s.b.l. – ACEL
http://www.acel.lu/

Heng Thillen
Secrétaire