Projet: Sécher Verléift

initiative-Logo_MSV_mit_Schrift_KopieLéif Memberen,

d’ALEP an d’lëtzebuerger Mëdezinnstudent/innen (ALEM) maachen iech gär op e ganz flotten Projet opmierksam. Et geht em Sexualopklärung am Secondaire ënnert dem Titel »Sécher verléift». An desem Kader solle Schüler sech iwwer Themen wéi Gefiller, Kommunikatioun, eege Grenzen, Bezéiungen, Léift, Toleranz, Anatomie vu Mann a Fra, sexuell iwwerdrobar Krankheeten, Verhütung, Prostitutiouns- an Ofdreiwungsgesetzer, Pornoen, d’Freed an natierlech och d’Sécherheet am Ëmgang mat Sexualitéit austauschen an informéire kënnen.  D’Erklärungen dozou entstinn duerch Diskussioune mat de Schüler a verschidden interaktiv Methoden. Dat geschitt dann och op Aenhéicht, well de Kontakt Student/in zu Schüler/in einfach nëmmen alterstechnesch en aneren ass, wéi de Kontakt Schüler/in zu Prof. Well net all Elterendeel oder Schoul et packt, esou Themen iwwerhaapt unzeschwätzen an um Internet esou vill Falsches steet, wier et besonnesch wichteg, de Schüler Froen zu dësen Themen ze beäntwerten. Natierlech muss een net schonn en Expert an all Thema sinn! Sexuell iwwerdrobar Krankheete ginn natierlech widderholl, mee schlussendlech bréngt de Schüler en oppenen an enttabuiséierten Ëmgäng mat esou Themen am meeschten.

Dese Projet gëtt lues a lues zu Lëtzebuerg opgebaut a leeft als Projet am Beräich SCORA (Standing Committee on Reproductive Health including HIV/AIDS – dat ass eng Nomenclature vun der internationaler Medezinnervereenegung) ënnert der «Association luxembourgeoise des étudiants en médecine» (ALEM). De Kontakt mam Planning Familial besteht och schon.

Mir sichen demno momentan Leit déi oppen sinn, sech virstellen kennen en Austausch zu dësem Thema ze erméiglechen, Neies wellen dozouléiren an Deel vun engem flexiblen a jonken Projet welle ginn. De Projet existeiert z.B. och schon zu Freiburg, wou en vill Succès huet an vun Medezinns- a Psychostudent/innen zesummen organiséiert gett.

Hei en Video als Beispill vum däitsche Grupp Mit Sicherheit Verliebt (MSV):
https://www.youtube.com/watch?v=chgJyUKbua0

Mier freeën eis iwwert Froen, Kontakt a Mataarbecht! Schreift dofir gären un (ALEP-Comité) oder (Robert Sandulescu) oder schreift einfach eng PM un d’ALEP op eiser Facobook-Säit!